Einfach n°447

Petitionnär/in: GEORGES GOEDERT

FIR ENG REFORM VUM PUNKTESYSTEM BEIM FÜHRERSCHÄIN (keen Cumul vun de Punkten)

Zil vun der Petitioun

Et ging héich Zäit gi fir eng Reform vum Punkteführerschäin. Et ka jo net sinn, dass een fir seng Fehler aus der Vergaangenheet och rem bei engem neien Delikt bestrooft gett an duerch de Cumul vun de Punkten iergendwann muss fäerten, säi Führerschäin ze verléieren. Z.B. ech bleiwen haut net bei engem Stoppschëld stoen a ginn dowinst ugehalen. Ech kréien dorophin 2 Punkte vu mengem Konto ofgezunn an eng Amende vun 145,-EUR. Des Punkten kritt een u sech no 3 Joer neess erëm wa kee weideren Delikt dobäi kënnt. 2,5 Joer nodeems di 2 Punkte vum Konto ofgaangen sinn, gëtt een z.B. ugehalen winnst ze héiger Vitesse. 110 km/h amplaz vun 90 km, wat jo mol ka virkommen. 2 Punkten an 145,-EUR Strof. An elo de sprangenden Punkt. Elo ginn nämlech di nei Punkte bei meng al derbäi gerechent an erëm fir 3 Joer blockéiert, soudass een erëm zousätzlech fir säin alen Delikt bestrooft gëtt. Et wier héich un der Zäit dest ze änneren!!

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
21.01.2015

D'einfach Petitioun Nr. 447 ass den 21-01-2015 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Déclaration de clôture

16.12.2014

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

15.12.2014

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 447, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 15-12-2014