Ëffentlech n°989

Petitionnär/in: Daniel CAO

Fir d'Erhale vun der Gebléishal vun der fréierer ARBED Belval (VOIR VERSION ETENDUE)

Zil vun der Petitioun

D'Amicale des hauts-fourneaux "A" et "B" fuerdert schonns zanter méi wéi 10 Joer dass d’'ebléis- an Dynamogebaier (bekannt als Gebléishal) vun der Belvaler Schmelz erhale ginn. Mär wëllen duerch eng gréisstméiglech Sammlung vun Ënnerschrëften aus der Bevëlkerung d‘Erhaale vun der Integralitéit vun deene Gebaier an deene nach bestoenden Anlagendeeler erreechen. D'Ofrappen muss à tout prix verhënnert ginn. Mat der Petitioun wëllen d’Petitionnairen erreechen dass d'Diskussioun och an der Ëffentlechkeet gefouert gëtt an dass d'Regierung déi Gebaier ënner Denkmalschutz stellt an hinnen d'Méiglechkeet gëtt neie Bestëmmungen zougefouert ze ginn.

Motivatioun vun der Petitioun

Fir déi grouss Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Belval) mat Elektrizitéit a waarm Loft z'alimentéieren gëtt ëm 1910/1911 op Belval eng grouss Gebléishal vun 160 Meter Längt, 72 Meter Breet an 28 Meter Héicht gebaut. Dat imposant Gebai ass haut dee leschte Produktiounssite aus der Ufankszäit vun der Belvaler Schmelz. Den industriehistorëschen Wäert vun den Halen, hier Gréisst, hier Lag an der Industrielandschaft hei am Süden musse fir d'Nowelt erhale bleiwen an däerfe net urbanistesche Fehlplanungen zum Affer falen! D'Amicale des haut-fourneaux huet d'Méiglechkeeten vun enger sënnvoller Notzung vun deenen Halen déi och der Allgemengheet géingen déngen ënnerstrach. D’Schafen a Gestalte vu Bürosraum, d’Organisatioun vu groussen Ausstellungen, d’Amenagéieren vun Ofstellraim fir d'Uni, d’Zesummendroen an Opstellen vu groussen Archiven, Versammlungsraim, géingen deen allgeméngnëtzlëche Charakter vun deenen Halen ënnersträichen. D’Iddee vun deem geplangten a ni realiséierten „Centre National de la Culture Industrielle“ ass a verschiddenen Aarbechtsgruppe weiderentwéckelt ginn. Zu Belval sollt den Zentrum vun engem dezentral organiséierte Reseau vu Kooperatioun tëscht de villen Instituter a Strukturen, déi sech mat Industriekultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, entstoen. Als Beispill vun Notzung déi scho stattfonnt huet kann een déi grouss Ausstellung "All we need " déi zum Thema Nohaltegkeet an der Gebléishal organiséiert gouf an zu engem absoluten Highlight vun der Kulturhaaptstad 2007 gouf. Am Programm vun der aktueller Regierung konnt jiddereen 2013 dat heite liesen: "L'aménagement du site des Rotondes sera achevé et d'autres projets (comme par exemple les Ardoisières de Martelange ou la Halle des Soufflantes de Belval) seront relancés." Déi Responsabel vun der nächster Lëtzebuerger Kulturhaaptstad, Esch 2022, hunn de Projet Gebléishal relancéiert net nëmme fir do zentral Ausstellungen z'organiséieren, mä fir d'Raimlechkeeten fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zur Verfügung ze stellen, fir Kreatioun, am Kader vun engem Remix Culture Club an doriwwer eraus eng nohalteg Strategie fir d'Notzung vun der Hal no 2022 auszeschaffen. Wéi een am „Bidbook“ vun Esch 2022 ka noliesen: “…/…Its location, but also its structure and its size, make the Halle des Soufflantes a central venue for us…/… We have worked out a sustainable strategy for the hall and we have a feasibility study, however, the decision about restoring the building has yet to be made.“ Do kéinten zum Beispill de Fonds Belval, de Kulturministère, d'Escher Gemeng, ProSud, d'Uni, d'Fondation Bassin minier, ArcelorMittal, fréier Aarbechter, Acteure vun der Industriekultur a Kulturschaffend mat Hëllef vun Architekten d'Käpp zesumme strecken fir en nohaltegt Konzept fir d’Notzung vun der Gebléishal och no 2022 auszeschaffen.Fir datt en eenzegaartege Site am fréieren Noerhuelungsgebitt vun der Escher Populatioun endlech nees un déi zeréckfält, deenen e gehéiert. An dat ass d'Allgemengheet !

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  05.06.2018
1076 /4.500
24%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
31.07.2018

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 989 den 31-07-2018

02.07.2018

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

21.06.2018

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1076

21.06.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 989 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 21-06-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1076

06.06.2018

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 989 z'ënnerschreiwen ass den 06-06-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1078

24.04.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 989 ka vum 24-04-2018 un ënnerschriwwe ginn

23.04.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.04.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 989 gouf den 19-04-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-04-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-06-2018 um 23h59

16.04.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-04-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 989 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

27.03.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 989 gouf den 27-03-2018 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir d’Erhale vun der Gebléishal vun der fréierer ARBED Belval

 

(VOIR VERSION ETENDUE)

Zil vun der Petitioun: D'Amicale des hauts-fourneaux "A" et "B" fuerdert schonns zanter méi wéi 10 Joer dass d’'ebléis- an Dynamogebaier (bekannt als Gebléishal) vun der Belvaler Schmelz erhale ginn. Mär wëllen duerch eng gréisstméiglech Sammlung vun Ënnerschrëften aus der Bevëlkerung d‘Erhaale vun der Integralitéit vun deene Gebaier an deene nach bestoenden Anlagendeeler erreechen. D'Ofrappen muss à tout prix verhënnert ginn.

Mat der Petitioun wëllen d’Petitionnairen erreechen dass d'Diskussioun och an der Ëffentlechkeet gefouert gëtt an dass d'Regierung déi Gebaier ënner Denkmalschutz stellt an hinnen d'Méiglechkeet gëtt neie Bestëmmungen zougefouert ze ginn.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Fir déi grouss Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Belval) mat Elektrizitéit a waarm Loft z'alimentéieren gëtt ëm 1910/1911 op Belval eng grouss Gebléishal vun 160 Meter Längt, 72 Meter Breet an 28 Meter Héicht gebaut. Dat imposant Gebai ass haut dee leschte Produktiounssite aus der Ufankszäit vun der Belvaler Schmelz. Den industriehistorëschen Wäert vun den Halen, hier Gréisst, hier Lag an der Industrielandschaft hei am Süden musse fir d'Nowelt erhale bleiwen an däerfe net urbanistesche Fehlplanungen zum Affer falen! D'Amicale des haut-fourneaux huet d'Méiglechkeeten vun enger sënnvoller Notzung vun deenen Halen déi och der Allgemengheet géingen déngen ënnerstrach. D’Schafen a Gestalte vu Bürosraum, d’Organisatioun vu groussen Ausstellungen, d’Amenagéieren vun Ofstellraim fir d'Uni, d’Zesummendroen an Opstellen vu groussen Archiven, Versammlungsraim, géingen deen allgeméngnëtzlëche Charakter vun deenen Halen ënnersträichen. D’Iddee vun deem geplangten a ni realiséierten „Centre National de la Culture Industrielle“ ass a verschiddenen Aarbechtsgruppe weiderentwéckelt ginn. Zu Belval sollt den Zentrum vun engem dezentral organiséierte Reseau vu Kooperatioun tëscht de villen Instituter a Strukturen, déi sech mat Industriekultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, entstoen. Als Beispill vun Notzung déi scho stattfonnt huet kann een déi grouss Ausstellung "All we need " déi zum Thema Nohaltegkeet an der Gebléishal organiséiert gouf an zu engem absoluten Highlight vun der Kulturhaaptstad 2007 gouf. Am Programm vun der aktueller Regierung konnt jiddereen 2013 dat heite liesen: "L'aménagement du site des Rotondes sera achevé et d'autres projets (comme par exemple les Ardoisières de Martelange ou la Halle des Soufflantes de Belval) seront relancés." Déi Responsabel vun der nächster Lëtzebuerger Kulturhaaptstad, Esch 2022, hunn de Projet Gebléishal relancéiert net nëmme fir do zentral Ausstellungen z'organiséieren, mä fir d'Raimlechkeeten fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zur Verfügung ze stellen, fir Kreatioun, am Kader vun engem Remix Culture Club an doriwwer eraus eng nohalteg Strategie fir d'Notzung vun der Hal no 2022 auszeschaffen. Wéi een am „Bidbook“ vun Esch 2022 ka noliesen: “…/…Its location, but also its structure and its size, make the Halle des Soufflantes a central venue for us…/… We have worked out a sustainable strategy for the hall and we have a feasibility study, however, the decision about restoring the building has yet to be made.“ Do kéinten zum Beispill de Fonds Belval, de Kulturministère, d'Escher Gemeng, ProSud, d'Uni, d'Fondation Bassin minier, ArcelorMittal, fréier Aarbechter, Acteure vun der Industriekultur a Kulturschaffend mat Hëllef vun Architekten d'Käpp zesumme strecken fir en nohaltegt Konzept fir d’Notzung vun der Gebléishal och no 2022 auszeschaffen.Fir datt en eenzegaartege Site am fréieren Noerhuelungsgebitt vun der Escher P