Petitionnär/in: Romy Karier
Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter
Zil vun der Petitioun
Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft. Déi nei Verkéierssituatioun soll: - d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass) - duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren) - d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank) - keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)
Motivatioun vun der Petitioun
D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1301 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 18-09-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 388
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 80
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 308
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1301 z'ënnerschreiwen ass den 02-08-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 308
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1301 ka vum 21-06-2019 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1301 gouf den 20-06-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-06-2019 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-08-2019 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 19-06-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1301 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1301 gouf den 03-06-2019 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir eng sécher an direkt Verkéiersubannung vun der N10 un d’N7 zu Maarnich beim Geschäftszenter
Zil vun der Petitioun: Nodeems scho puermol schwéier Accidenter op der Kräizung N7/N10 geschitt sinn, soll d’Verkéierssécherheet vun der N7 op d’N10 erhéicht ginn. Et soll eng onmëssverständlech Verkéiersféierung geschaaft ginn, ouni Linksabbieger, ouni onnéideg Ëmweeër an domat ouni onéideg vill Verkéier duerch d’Uertschaft.
Déi nei Verkéierssituatioun soll:
- d’Konfliktpotential N7/N10 erofsetzen duerch eng onkomplizéiert an onmëssverständlech Verkéiersféierung (z.B. duerch ee Giratoire an deem eng Frontalkollisioun kaum nach méiglech ass)
- duerch direkt a kuerz Weeër d’Falschfueren ënnerbannen (keng onnéideg Deviatiounen, wéi z.B. haut wou een 2,8 km Ëmwee muss fueren, wann een aus dem Geschäftszenter iwwer d'N7 a Richtung Housen wëllt fueren)
- d‘Vitesse vum Verkéier vun der Kräizung N7/N10 esou adaptéieren, dass d’Foussgänger op der N10 sëcher kënnen d’Strooss passéieren (hei kommen d’Autoen oft ze schnell vun der N7 op d’N10 an et koum schon ëfters zu enger kritescher Situatioun um Foussgängeriwwergank)
- keen N7-Verkéier an d‘Uertschaft zéien (méiglechst wéineg Verkéier iwwer d’Bombatsch). Vermeiden vun Schwéiergefierer op den Ofbéiungen N18/ Bombatsch an N18/ N7 (dëst sinn zwou Kéieren vun iwwer 140° déi e Camion nëmme mat vill Zäit- a Platzopwand ka fueren)
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D’Kräizung N7/N10 huet eng iwwerregional Bedeitung an engem CDA-r (centre de développement et d’attraction régional). Si ass d’Ubannung ënner anerem vun de Gemengen Cliärref, Wëntger, Kiischpelt, a Wolz un d’N7. Iwwer dës Kräizung gëtt eng grouss Aktivitéitszone un d’N7 ugebonn. Dës Kräizung brauch eng méi héich Verkéierssécherheet.