Géint d'Ofschafe vun der Allocation d'éducation / de maternité
Zil vun der Petitioun
Allocatioune beizehalen
Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt.
Ëffentlech Petitioun uweisen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
17.12.2014
Déi ordinär Petitioun Nr. 449 gouf den 17-12-2014 vun der Petitiounskommissioun als irrecevabel deklaréiert
Recevabilitéit: irrecevabel
28.10.2014
Information au pétitionnaire de soutenir la pétition 451 et demande de clôture
23.10.2014
Ëmwandelung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 449 an eng ordinär Petitioun, nodeems se den 23-10-2014 vun der Presidentekonferenz als irrecevabel deklaréiert gouf
Nimm a national Identifikatiounsnummer
Fir eng ëffentlech Petitioun eranzereechen oder z’ënnerschreiwen, muss een am nationale Register vun de physesche Persounen ageschriwwe sinn, dat heescht eng national Identifikatiounsnummer (13-stelleg Matricule, «Sozialversécherungsnummer») hunn.
Benotzt wgl. de Numm, deen op Ärer Carte d'identité steet. Dëst gëllt och wann Dir dëse Numm (z.B. wéinst engem Bestietinis) am Alldag net benotzt.
Gesammelt Ënnerschrëften
Déi parlamentaresch Verwaltung kontrolléiert reegelméisseg d'Gëltegkeet vun de gesammelten Ënnerschrëften (keng Duplikater, asw.). Eng detailléiert Kontroll gëtt gemaach, wann den Delai fir z’ënnerschreiwen, ofgelaf ass. Et ass also méiglech, datt d'Zuel vun Ënnerschrëften, déi hei ugewise gëtt, net der aktueller Unzuel vun Ënnerschrëften entsprécht.