Ëffentlech n°1729

Petitionnär/in: Jean-Paul Rischard

Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand

Zil vun der Petitioun

Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter

Motivatioun vun der Petitioun

All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou. Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen! Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert ! Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  25.02.2021
202 /4.500
5%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
21.04.2021

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 1729 den 21-04-2021

18.03.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

17.03.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1729 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 17-03-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 202

17.03.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 202

26.02.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1729 z'ënnerschreiwen ass den 26-02-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 202

15.01.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1729 ka vum 15-01-2021 un ënnerschriwwe ginn

15.01.2021

Démarrage de la période de signature

14.01.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.01.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1729 gouf den 14-01-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-01-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-02-2021 um 23h59

13.01.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-01-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1729 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

09.12.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1729 gouf den 09-12-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand

Zil vun der Petitioun: Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou.

Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen!

Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert !

Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.