Einfach n°416

Petitionnär/in: Pascal Dupont

Fir d'Monarchie

Zil vun der Petitioun

Als grousse Fan vun onsem Groussherzoglechen Haff , wollt ech mech asetzen dass onst Land ënnert der Monarchie constitutionelle bleiwe soll. Et ginn ëmmer méi Leit, déi géint ons Monarchie schwätzen an och frou wiren, wa mer eng Republik géife ginn. Well ech awer voll a ganz vun onsem Haff iwwerzeecht sinn géif ech mech gären asetzen, dass mir hei zu Lëtzebuerg ons Monarchie beibehalten.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
21.01.2015

D'einfach Petitioun Nr. 416 ass den 21-01-2015 ofgeschloss ginn

16.12.2014

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

16.12.2014

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 416, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 16-12-2014