Petitionnär/in: Fabienne Matagne
Fir eng Reform vum Déiereschutzgesetz an d'Ofschafe vun der Rasselëscht am Hondsgesetz.
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun soll den But hunn d'Rasselëscht fir d'Hënn falen ze loossen an eist Déiereschutzgesetz allgemeng ze réformeieren. Wat d'Hondsgesetz ugeet kann ALL Hond potenziell geféierlech sinn. Keen Hond ass genetesch méi geféierlech wéi en aneren, an dëse bestoenden Artikel aus dem Hondsgesetz vun 2008 soll bestoe bleiwen an d'Basis fir en neit Hondsgesetz ouni Rassendiskriminatioun sinn. Opklärung a Respekt am Emgang mat ALL Déier soll d'Devise sinn. D'Déiereschutzgesetz muss och reforméiert ginn. Egal wéi een Déier, se dierfen net méi als Saach virum Lëtzebuerger Gesetz gëllen. Déieremëssbrauch an all Form muss endlech gesetzlech méi streng pénaliséiert ginn. Net d'Déiere solle fir d'Fehlverhale vum Mënsch mussen hire Kapp duerhalen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 353 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 2361
Reklassement: ze reklasséieren
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 353 z'ënnerschreiwen ass den 23-06-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 2372
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 353 z'ënnerschreiwen ass den 16-05-2014 bis den 21-06-2014 verlängert ginn
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-06-2014
Lettre d'information au pétitionnaire au sujet de la période de signature avec transmission à la Commission de l'Agriculture, de la Viticulture, du Développement rural et de la Protection des Consommateurs
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 353 ka vum 09-05-2014 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 353 gouf den 08-05-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-05-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-06-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 07-05-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 353 ass positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 353 gouf den 29-04-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir eng Reform vum Déiereschutzgesetz an d'Ofschafe vun der Rasselëscht am Hondsgesetz.
Zil vun der Petitioun: Dës Petitioun soll den But hunn d'Rasselëscht fir d'Hënn falen ze loossen an eist Déiereschutzgesetz allgemeng ze réformeieren.
Wat d'Hondsgesetz ugeet kann ALL Hond potenziell geféierlech sinn. Keen Hond ass genetesch méi geféierlech wéi en aneren, an dëse bestoenden Artikel aus dem Hondsgesetz vun 2008 soll bestoe bleiwen an d'Basis fir en neit Hondsgesetz ouni Rassendiskriminatioun sinn.
Opklärung a Respekt am Emgang mat ALL Déier soll d'Devise sinn.
D'Déiereschutzgesetz muss och reforméiert ginn. Egal wéi een Déier, se dierfen net méi als Saach virum Lëtzebuerger Gesetz gëllen. Déieremëssbrauch an all Form muss endlech gesetzlech méi streng pénaliséiert ginn. Net d'Déiere solle fir d'Fehlverhale vum Mënsch mussen hire Kapp duerhalen.