Petitionnär/in: André Bigelbach
GÉINT MOBIL A FIX RADAREN!
Zil vun der Petitioun
An engem Moment wou am Ausland de Sënn vu fixen, awer och vu mobile Radaren ëmmer méi a Fro gestallt gëtt (machines à fric, moderne Wegelagerei), wëll den Nohaltegkeetsministär dës ëmstridden Iwwerwaachungs- a Repressiounsinstrumenter elo och dem Verkéier hei zu Lëtzebuerg opzwéngen.- Wa jiddereen permanent fäerte muss, an eng Radarfal ze tappen, da féiert dat zu méi Stress, méi Ierger an domat zu méi Onsécherheet am Verkéier. Doniewent kënnt een enormen finanziellen a bürokrateschen Opwand op eist klengt Land duer, dee kloer disproportional ass zum gewënschten "Angscht-Effekt".- Wär et net besser, wann den Nohaltegkeetsministär déi geplangten 15 Milliounen Euro an d'Ofséchere vu Plazen investéire giff, wou heefeg Accidenter virkommen?- Lëtzebuerg brauch keng nei Radaren, mä eng nei, a virun allem intelligent Präventiounspolitik!
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 383 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 29-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 96
Reklassement: ze reklasséieren
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 383 z'ënnerschreiwen ass den 19-07-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 96
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 383 ka vum 06-06-2014 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 383 gouf den 05-06-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-06-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-07-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-06-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 383 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 383 gouf den 03-06-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: GÉINT MOBIL A FIX RADAREN!
Zil vun der Petitioun: An engem Moment wou am Ausland de Sënn vu fixen, awer och vu mobile Radaren ëmmer méi a Fro gestallt gëtt (machines à fric, moderne Wegelagerei), wëll den Nohaltegkeetsministär dës ëmstridden Iwwerwaachungs- a Repressiounsinstrumenter elo och dem Verkéier hei zu Lëtzebuerg opzwéngen.-
Wa jiddereen permanent fäerte muss, an eng Radarfal ze tappen, da féiert dat zu méi Stress, méi Ierger an domat zu méi Onsécherheet am Verkéier. Doniewent kënnt een enormen finanziellen a bürokrateschen Opwand op eist klengt Land duer, dee kloer disproportional ass zum gewënschten "Angscht-Effekt".-
Wär et net besser, wann den Nohaltegkeetsministär déi geplangten 15 Milliounen Euro an d'Ofséchere vu Plazen investéire giff, wou heefeg Accidenter virkommen?-
Lëtzebuerg brauch keng nei Radaren, mä eng nei, a virun allem intelligent Präventiounspolitik!