Eng ëffentlech Petitioun ënnerschreiwen

Introduktioun

Ëffentlech Petitiounen, déi fir recevabel erkläert goufen, kënnen 42 Deeg laang ënnerschriwwe ginn. Wann eng Petitioun op d'mannst 4500 Ënnerschrëfte krut, gëtt et en ëffentlechen Debat an der Chamber.

D’Signatairen

Fir Signataire ze sinn, musst Dir:

  • op d'mannst 15 Joer al sinn;
  • eng Lëtzebuerger Matricule hunn (CNS-Nummer).

Jiddereen däerf eng Petitioun nëmmen eemol ënnerschreiwen.

Pabeier Versioun

Ënnerschreift Dir léiwer um Pabeier? Fëllt de Formulaire aus a schéckt e per E-Mail un secretariatcommpetitions@chd.lu oder per Post un déi follgend Adress:

Chambre des Députés
Commission des Pétitions
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg
Luxembourg