Public n°731

Petitioner: Ronald Kwiatkowski

Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht

Purpose of the petition

Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef. Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.

Reasons for the petition

Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen. Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet. Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen. Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.

This public petition did not reach the threshold of 4. 500 signatures. At the request of the petitioner, the public petition was transformed into an ordinary petition. Show ordinary petition.
ended  27.12.2016
63 /4.500
1%
registered signatures

The steps of this petition

Icon process
16.02.2017

Reclassification of the public petition, not having reached the threshold of 4500 signatures, into an ordinary petition n°731, on 16-02-2017

19.01.2017

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

10.01.2017

Validated electronic signatures: 63

10.01.2017

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°731, on 10-01-02017 - Number of signatures after validation: 63

28.12.2016

The period for signing the public petition n°. 731 is closed on 28-12-2016 - Number of electronic signatures before validation: 63

15.11.2016

The public petition n°731 is open for signature, on 15-11-2016

10.11.2016

The public petition n°731 is declared admissible by the Conference of Presidents on 10-11-2016

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 15-11-2016 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 27-12-2016 at 11:59 p.m.

10.11.2016

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 731, on 10-11-2016

Opinion of the Committee on Petitions: positive

25.10.2016

The petition public n°731 is submitted the 25-10-2016

Title of the petition: Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht

Aim of the petition: Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef.

 

Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.

Motivation of the general interest of the petition: Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen.

 

Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet.

 

Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen.

 

Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.