Ordinary n°731

Petitioner: Ronald Kwiatkowski

Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht

Purpose of the petition

Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef. Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.

Reasons for the petition

Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen. Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet. Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen. Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.

This public petition did not reach the threshold of 4. 500 signatures. At the request of the petitioner, the public petition was transformed into an ordinary petition. Show public petition.

The steps of this petition

Icon process
26.03.2018

Closing statement

22.03.2018

The ordinary petition n°731 is closed on 22-03-2018

Reason for closure: Suite à la prise de position gouvernementale

19.12.2017

Transmission to the petitioner

08.12.2017

A position statement regarding the ordinary petition n°731 is available on 08-12-2017

Minister(s) : Madame Lydia Mutsch, Ministre de la Santé

24.02.2017

Transmission to the petitioner

24.02.2017

A position statement is requested on the ordinary petition n°731, on 24-02-2017

Minister(s) : Madame Lydia Mutsch, Ministre de la Santé

Demande de prise de position à la Ministre de la Santé Demande de prise de position à la Ministre de la Santé
16.02.2017

Reclassification of the public petition n°731, not having reached the threshold of 4500 signatures, into an ordinary petition, on 16-02-2017