The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°351, on 14-07-02014 - Number of signatures after validation: 1479
Reclassification: to be reclassified
Petitioner: Aldin Dreco
Zil von dëser Petitioun ass et, een Zeechen géint d'Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU ze setzen- mat Auswierkungen op Lëtzebuerg - dat 2015 a Kraaft soll trieden, woubäi dat de Konzerne wéi z.B. Monsanto , ExxonMobil, etc. zegutt kënnt. D'Fräihandelsofkommes bewierkt, dass e Konzern aus Amerika z.B. ee Staat verkloe kann, wa Gesetzer de Konzern dru bremsen, Profit ze man. Zumools an dëser Zäit, wou all Euro zielt an iwwerall gespuert soll ginn ka Lëtzebuerg et sech net erlaabe verklot ze ginn op Käschte vum Steierzueler . Duerch dat Fräihandelsofkommes solle GENverännert Liewensmëttelen a Form vu Mais etc., sou wéi Hormonfleesch, wat gesondheetsschiedlech ass, agefouert ginn .Eis Gesondheet gëtt bewosst op d´Spill gesat " - Profit virum Mënsch " - dat betrëfft eis Gesellschaft vu Grous bis Kleng, vun Jonk bis Al. Duerch dat Fräihandelsofkommes soll " Fracking" agefouert ginn, eng Method fir Erdgas an Erdueleg ze gewannen, wouduerch Chemikalie bewosst an den Grondbuedem agefouert ginn. Och hei gëtt keng Rücksicht op de Grondbuedem geholl op dem alles opgebaut ass, Territorium gëtt bewosst aus Profit zerstéiert, wouduerch eng Verseuchung vum Drénkwasser entsteet zum Nodeel vun der Landwirtschaft, etc. Duerch daat Fräihandelsofkommes ginn Aarbechtsrechter ugegraff, Bildung gëtt ugegraff souwéi Liewensqualitéit a ville verschiddene Formen bis hin zu Privatiséierungen. Dat Fräihandelsofkommes ass en Ugreff op eise Liewensstandart, dee mer eis am Laf vu de Joerzéngten duerch verschidde Generatiounen opgebaut hunn, an et dierf net zerstéiert ginn zum Wuel vu puer Konzernen.
Reclassification: to be reclassified
New end date of the signature period: 21-06-2014
Start date of the signature period: 09-05-2014 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 20-06-2014 at 11:59 p.m.
Title of the petition: Géint d'Verhandele vum Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU mat Auswierkungen op Lëtzebuerg
Aim of the petition: Zil von dëser Petitioun ass et, een Zeechen géint d'Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU ze setzen- mat Auswierkungen op Lëtzebuerg - dat 2015 a Kraaft soll trieden, woubäi dat de Konzerne wéi z.B. Monsanto , ExxonMobil, etc. zegutt kënnt.
D'Fräihandelsofkommes bewierkt, dass e Konzern aus Amerika z.B. ee Staat verkloe kann, wa Gesetzer de Konzern dru bremsen, Profit ze man. Zumools an dëser Zäit, wou all Euro zielt an iwwerall gespuert soll ginn ka Lëtzebuerg et sech net erlaabe verklot ze ginn op Käschte vum Steierzueler .
Duerch dat Fräihandelsofkommes solle GENverännert Liewensmëttelen a Form vu Mais etc., sou wéi Hormonfleesch, wat gesondheetsschiedlech ass, agefouert ginn .Eis Gesondheet gëtt bewosst op d´Spill gesat " - Profit virum Mënsch " - dat betrëfft eis Gesellschaft vu Grous bis Kleng, vun Jonk bis Al.
Duerch dat Fräihandelsofkommes soll " Fracking" agefouert ginn, eng Method fir Erdgas an Erdueleg ze gewannen, wouduerch Chemikalie bewosst an den Grondbuedem agefouert ginn. Och hei gëtt keng Rücksicht op de Grondbuedem geholl op dem alles opgebaut ass, Territorium gëtt bewosst aus Profit zerstéiert, wouduerch eng Verseuchung vum Drénkwasser entsteet zum Nodeel vun der Landwirtschaft, etc.
Duerch daat Fräihandelsofkommes ginn Aarbechtsrechter ugegraff, Bildung gëtt ugegraff souwéi Liewensqualitéit a ville verschiddene Formen bis hin zu Privatiséierungen. Dat Fräihandelsofkommes ass en Ugreff op eise Liewensstandart, dee mer eis am Laf vu de Joerzéngten duerch verschidde Generatiounen opgebaut hunn, an et dierf net zerstéiert ginn zum Wuel vu puer Konzernen.