Petitioner: Claude Feltgen
Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen
Purpose of the petition
D'Lycéeë sollen am ganze Land Moies eng gutt Stonn méi spéit ewéi aktuell ufänken.
Reasons for the petition
Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d‘Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.
The steps of this petition
The ordinary petition n°911 is closed on 03-10-2018
Reason for closure: pas de suite réservée par le pétitionnaire à la prise de position du ministre
Transmission to the petitioner
A position statement regarding the ordinary petition n°911 is available on 24-07-2018
Minister(s) : Monsieur Claude Meisch, Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
A position statement is requested on the ordinary petition n°911, on 06-03-2018
Minister(s) : Monsieur Claude Meisch, Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse