Petitioner: ALPHONSE JAERLING
Opfuerderung un d'Lëtzebuerger Regierung, fir alles an d'Weeër ze leeden, fir d'Unerkennung vun der lëtzebuerger Sprooch an Europa an hir Aschreiwung an d'Lëscht vun den europäesch unerkannten Sproochen.
Purpose of the petition
Lëtzebuerg ass en Matgrënnerland vun der Europäescher Unioun, an huet eng eegen Sprooch. Leider ass d'lëtzebuerger Sprooch nët an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen, obwuel all aner Sproochen vun den EU-Staaten an esouguer vu Regiounen an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen sinn. Eng Sprooch ass en integralt Stéck Identitéit an der Onofhängekeet vun engem Land a gehéiert doofir unerkannt, soss gesäit et aus, wéi wann daat Land keng eegen Sprooch hätt. Et geet bei dëser Petitioun nët drëm, fir dass all EU-Texter op lëtzebuergesch iwwersaat ginn, obwuel dass esou eng Fuerderung och legitim wir, well daat och fir all aner EU-Staat de Fall ass, et geet just drëm, dass d'lëtzebuerger Regierung sech endlech doofir asetzt, dass d^lëtzebuerger Sprooch soll europäesch unerkannt ginn, daat ass eng Saach vun nationalem Interessen. Et geet bei dëser Petitioun och nët drëm fir eisen System vun der Dreisproochegkeet a Fro ze stellen, mä eenzeg an eleng em d'Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch.
The steps of this petition
Transmission of the government position paper and request for closure
A position statement regarding the ordinary petition n°363 is available on 03-09-2014
Minister(s) : Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat
A position statement is requested on the ordinary petition n°363, on 16-07-2014
Minister(s) : Monsieur Xavier Bettel, Premier ministre, Ministre d'Etat