Petitioner: Jean-Paul Rischard
Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand
Purpose of the petition
Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter
Reasons for the petition
All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou. Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen! Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert ! Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.
The steps of this petition
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1729, on 17-03-02021 - Number of signatures after validation: 202
Validated electronic signatures: 202
The period for signing the public petition n°. 1729 is closed on 26-02-2021 - Number of electronic signatures before validation: 202
The public petition n°1729 is open for signature, on 15-01-2021
Démarrage de la période de signature
Statement of admissibility
The public petition n°1729 is declared admissible by the Conference of Presidents on 14-01-2021
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 15-01-2021 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 25-02-2021 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1729, on 13-01-2021
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°1729 is submitted the 09-12-2020
Title of the petition: Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand
Aim of the petition: Ofsécheren vun eiser Demokratie an eise constitutionnelle Rechter
Motivation of the general interest of the petition: All Awunner vu Lëtzebuerg misst de Sënn an de Wäert vun eiser Constitutioun bekannt an helleg sinn. A jiddereen weess och dass fir eng Ännerung vun eiser Constitutioun eng 2/3 Majoritéit an der Chamber erfuerderlech ass. An dat ass och richteg esou.
Dofir däerf et och net sinn dass an der Chamber eis constitutionnell Fräiheeten déi jo mat enger 2/3 Majoritéit musse gestëmmt ginn, duerch e Gesetz mat enger einfacher Majoritéit ausgehiéwelt kënne ginn. Dat ass ëmsou méi wichteg wou kee weess wat sech an Zukunft an der politescher Parteielandschaft nach deet. Ugeholl et ging zu Lëtzebuerg eng AfD-ähnlech Partei un d´Rudder kommen, da wier et ze spéit fir dës Ännerung vun der Constitutioun virzehuelen, mat alle Risiken an Consequenzen déi dat ging mat sech bréngen!
Dofir muss een zousätzlechen Artikel/Paragraf an der Constitutioun virschreiwen dass all Gesetz/Mossnahm déi eist Grondgesetz oder eis constitutionnell Fräiheeten aschränkt, och muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber ofgeseent ginn. Et därf also an Zukunft net méi méiglech sinn dass esou ee Gesetz eis Chamber mat enger einfacher Majoritéit passéiert. Domat ass eis Constitutioun an eis Demokratie ofgeséchert !
Wann esou ee Gesetz onbedéngt néideg ass, a wann d´Majoritéit den Deputéierten all Fakten offen op den Dësch leet, an d´Grënn an d 'Nécessitéit vun dëse Moossnahmen offensichtlech sinn, ass och kee Probleem fir an der Chamber eng 2/3 Majoritéit ze erreechen, wéi dat jo och am Fréijoer de Fall war wéi den „Etat de Crise“ ausgeruff ginn ass. Dat hätt och nach de Virdeel, dass wann e Gesetz vun der breeder Majoritéit an der Chamber gedroe gëtt, d´Acceptanz fir esou e Gesetz an der Bevölkerung ging zouhuelen an d´Kritik ofhuelen, an och verhënneren dass de Bierger den Androck kriet dass mir eis a Richtung Diktatur bewegen.