Fir eng ëffentlech Petitioun eranzereechen oder z’ënnerschreiwen, muss een am nationale Register vun de physesche Persounen ageschriwwe sinn, dat heescht eng national Identifikatiounsnummer (13-stelleg Matricule, «Sozialversécherungsnummer») hunn. Benotzt wgl. de Numm, deen op Ärer Carte d'identité steet. Dëst gëllt och wann Dir dëse Numm (z.B. wéinst engem Bestietinis) am Alldag net benotzt.
Déi parlamentaresch Verwaltung kontrolléiert reegelméisseg d'Gëltegkeet vun de gesammelten Ënnerschrëften (keng Duplikater, asw.). Eng detailléiert Kontroll gëtt gemaach, wann den Delai fir z’ënnerschreiwen, ofgelaf ass. Et ass also méiglech, datt d'Zuel vun Ënnerschrëften, déi hei ugewise gëtt, net der aktueller Unzuel vun Ënnerschrëften entsprécht.