Einfache n°3422

Petitionär/in: Romain Reiter

1 CLRV vun der Lëtzebuerger Arméi fir d’Ukraine

Ziel der Petition

Léif Deputéierten, Am Oktober 2024 huet Lëtzebuerg zwee CLRV-Fahrzeugen (Common Light Rail Vehicle) geliwwert kritt, déi modern Technologie mat sech bréngen an zu de fortgeschrattste Mobilitéits- a Verdeedegungssystemer zielen sollen. Wéinst der aktueller Situatioun an Europa, besonnesch ... mehr

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
21.11.2024

Eine Stellungnahme wurde am 21-11-2024 betreffend die einfache Petition Nr. 3422 angefragt

Minister: Madame Yuriko Backes, Ministre de la Défense, Monsieur Xavier Bettel, Ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur

20.11.2024

Die einfache Petition Nr. 3422 wurde vom Petitionsausschuss am 20-11-2024 für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

24.10.2024

Die einfache Petition Nr. 3422 wurde am 24-10-2024 eingereicht.

Titel der Petition: 1 CLRV vun der Lëtzebuerger Arméi fir d’Ukraine

Ziel der Petition: Léif Deputéierten,

 

Am Oktober 2024 huet Lëtzebuerg zwee CLRV-Fahrzeugen (Common Light Rail Vehicle) geliwwert kritt, déi modern Technologie mat sech bréngen an zu de fortgeschrattste Mobilitéits- a Verdeedegungssystemer zielen sollen. Wéinst der aktueller Situatioun an Europa, besonnesch dem russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukraine, ruffen ech Iech mat dëser Petitioun op, direkt ee vun dësen zwee Gefierer un d’Ukraine weiderzeginn. Dëst géif et der Ukrain erlaben, d'Gefier ënner realen Krichsbedingungen ze testen a wichteg Erkenntnesser ze gewannen.

 

Den Ugrëffskrich, deen d’Ukraine elo schonn zënter Méint verteidegt, geet net nëmmen ëm d’Suverenitéit vun engem Land, mee och ëm d’Fundamenter vun Demokratie, Fräiheet an Mënscherechter, déi mir all an Europa verdeedegen. Et ass an dësen Zäiten essentiell, datt europäesch Natioune wéi Lëtzebuerg hir Solidaritéit weise an Hëllef ubidden.

 

D’Weidergi vun engem CLRV-Gefier un d’Ukraine géif folgend Virdeeler bréngen:

 

1. Test ënner Krichsbedingungen: D’Ukraine kéint d’Gefier ënner richtege Gefechtsbedingungen testen, wat wichteg Erkenntnesser fir d'Entwécklung vun der Technologie an hire spéidere Gebrauch liwwere géif.

2. Signaliséierung vun der Solidaritéit: D'Verschécke vun engem modernen Verdeedegungssystem ass e kloert Zeeche vun eiser Ënnerstëtzung fir d’Ukraine a weist, datt Lëtzebuerg hannert de Wäerter vu Fräiheet a Gerechtegkeet steet.

3. Gewënn vu wichtegen Informatiounen: Duerch déi praktesch Erfahrungen aus der Ukraine kéint Lëtzebuerg wäertvoll Informatiounen gewannen, wéi dës Technologien an zukünftege Verdeedegungsszenarie besser agesat kënne ginn.

 

Ech froen d Chamber, sech fir dës Moossnam anzesetzen an ee vun deenen zwou CLRV-Gefierer direkt un d’Ukraine weiderzeginn, fir datt et do getest ka ginn. Dëst géif net nëmmen der Verdeedegung vun engem Partnerland déngen, mee och eis eegen Verdeedegungsfäegkeeten duerch konkret Tester verbesseren.

 

Mat beschte Gréiss,